Remise des diplômes et des prix

11/07/2022

Den 11. Juli kruten eis Primaner hiren Diplom a Präsens vum Här Minister Claude Meisch, Vertrieder vun der Gemeng an villen aneren Éieregäscht feierlech iwwerreecht. Felicitatiounen un eis Laureaten; mir wënschen hinnen nëmmen dat Bescht a vill Erfolleg fir hir Zukunft!

Gläichzäiteg goufen och déi bescht Schüler vun eisen Ofschlossklassen mat Präisser ausgezeechent vun der Chambre de Commerce, der Chambre des Salariés an der Däitscher Ambassade, souwéi eis "élèves méritants".

E grousse Merci och un de Schülercomité, eis Museker an déi ukrainesch Enseignanten a Schüler, déi dësen Owend esou schéin encadréiert hunn.